Bibliothèque Eschdorf

Zanter ronn 17 Joer bitt déi Eschduerfer Bibliothéik hire Lieser a Lieserinnen eng gr​ouss Auswiel ​u Bicher, Hörbicher an DVD a véier verschidde Sproochen. Vun deenen ongeféier 10.000 Bicher, déi an de Regaler stinn, gi Roman​er a Kannerbicher am meeschte gefrot. Et ass selbstverständlech, dass Dir an der Eschduerfer Bibliothéik virun allem aktuell Bicher fannt, all Joer gi ronn 350 nei Publikatiounen akaaft, déi de Lieser a Lieserinnen zur Verfügung stinn.

D’Gäscht vun der Eschduerfer Bibliothéik, déi aus 12 verschidde Gemenge kommen, léine pro Joer tëschent 4 000 a 5 000 Bicher aus.​​

Matt „aneren » Auteureliesungen a Kanneraktivitéiten mécht d’Eschduerfer Bibliothéik op sech opmierksam. E grousst Uleies vun der Bibliothéik ass et, deene klengen a jonke Lieser d’Freed um Liesen ze vermëttelen.

D’Aschreiwung an der Bibliothéik Eschduerf ass gratis, aschreiwen däerf sech all Erwuessenen, deen zu Lëtzebuerg wunnt. Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer musse vun engem Erzéiungsberechtegten ageschriwwe ginn.

Als ageschriwwe(ne) Lieser/in kritt Dir e Lieserpass. Mat dësem hutt Dir d’Méiglechkeet, online Bicher, CDen an DVDen ze reservéieren oder d’Ausléinzäit ze verlängeren, dëst op der Internetsäit www.a-z.lu. Mat Ärem Lieserpass hutt Dir d’Recht, 8 Bicher fir en Zäitraum vu 4 Wochen auszeléinen.

E fonkelneie Service vun den ëffentleche Bibliothéiken:

Léint Är e-books mat engem Klick aus

ebooks.lu ass den neie gratis Service, mat deem ee méisproocheg digital Bicher kann ausléinen. Dëst ass eng gemeinsam Initiativ vum „Conseil supérieur des bibliothèques publiques » a vun der Nationalbibliothéik.

Fir ebooks.lu kënnen ze notzen, musst Dir Iech:

  1. An enger ëffentlecher Partnerbibliothéik aschreiwen
  2. Iech eng Adobe-ID zouleeën
  3. Eng Reader App eroflueden an installéieren

Elo sidd Dir prett fir Äert éischt E-book iwwert ebooks.lu auszeléinen.
Weider Informatiounen zum Projet an Hëllef bei Problemercher kritt Dir gären an der Eschduerfer Bibliothéik oder op www.ebooks.lu

E fonkelneie Service vun den ëffentleche Bibliothéiken:

Léint Är e-books mat engem Klick aus

ebooks.lu ass den neie gratis Service, mat deem ee méisproocheg digital Bicher kann ausléinen. Dëst ass eng gemeinsam Initiativ vum „Conseil supérieur des bibliothèques publiques » a vun der Nationalbibliothéik.

Fir ebooks.lu kënnen ze notzen, musst Dir Iech:

  1. An enger ëffentlecher Partnerbibliothéik aschreiwen
  2. Iech eng Adobe-ID zouleeën
  3. Eng Reader App eroflueden an installéieren

Elo sidd Dir prett fir Äert éischt E-book iwwert ebooks.lu auszeléinen.
Weider Informatiounen zum Projet an Hëllef bei Problemercher kritt Dir gären an der Eschduerfer Bibliothéik oder op www.ebooks.lu

Adress: 4, op der Knupp Eschduerf
Tel: 89 97 53
E-Mail: bib.eschdorf@gmail.com

D’Bibliothéik ass op: dënschdes 13:00-17:00, mëttwochs 20:00-22:00, donneschdes 14:00-18:00, samschdes 10:00-12:00

Egal wéi Dir de Wee bei eis fannt, ob zu Fouss oder online, häerzlech wëllkomm an der Eschduerfer Bibliothéik.​

Klengen Historik:​​

November 1998: Grënnung vun der Eschduerfer Bibliothéik op Initiativ vu Stad a Land an der Gemeng Heischent als Leader II Projet mat Ënnerstëtzung vum Kulturministère.

Fréijoer 1999: D’Bibliothéik Eschduerf mécht hir Diren op.​

November 2005: Fir d’Geschécker vun der Bibliothéik gëtt d’a.s.b.l. liesen@lauschteren zoustänneg. D’Onkäschte vun der Bibliothéik gi gedroe vum Kulturministère an der Gemeng

Januar 2007: D’Bibliothéik Eschduerf ass Matgrënner a gëtt Member vun der Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publics ULBP www.ulbp.lu

2008: D’Raimlechkeete vun der Bibliothéik platzen definitiv aus allen Néit. Déi Verantwortlech vun der Heischter Gemeng décidéieren, den eidele Butték vum Séi fir d’Bibliothéik zur Verfügung ze stellen.

Juni 2009: offiziell Aweiung vun der neier Bibliothéik.

2011-2012: An nach eng grouss Ëmstellung fir eng kleng Bibliothéik: Fir de Statut vun enger ëffentlecher Bibliothéik ze kréien, hänke mir eis un de gemeinsame Katalog vun den ëffentleche Bibliothéiken www.a-z.lu . Dest erlaabt et, ënner anerem, eise Lieserinnen a Lieser, vun elo un och online an eise Regaler ze sichen.

September 2012: Eschduerf kritt de Statut „ëffentlech Bibliothéik ».​

Dernière modification le 08.06.2021
Aller au contenu principal