Matt „aneren" Auteureliesungen a
Kanneraktivitéiten mécht d'Eschduerfer Bibliothéik op sech opmierksam. E
grousst Uleies vun der Bibliothéik ass et, deene klengen a jonke Lieser
d'Freed um Liesen ze vermëttelen.
D'Aschreiwung an der
Bibliothéik Eschduerf ass gratis, aschreiwen däerf sech all Erwuessenen,
deen zu Lëtzebuerg wunnt. Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer musse vun
engem Erzéiungsberechtegten ageschriwwe ginn.
Als ageschriwwe(ne)
Lieser/in kritt Dir e Lieserpass. Mat dësem hutt Dir d'Méiglechkeet,
online Bicher, CDen an DVDen ze reservéieren oder d'Ausléinzäit ze
verlängeren, dëst op der Internetsäit www.a-z.lu. Mat Ärem Lieserpass hutt Dir d'Recht, 8 Bicher fir en Zäitraum vu 4 Wochen auszeléinen.
E fonkelneie Service vun den ëffentleche Bibliothéiken:
Léint Är e-books mat engem Klick aus
ebooks.lu
ass den neie gratis Service, mat deem ee méisproocheg digital Bicher
kann ausléinen. Dëst ass eng gemeinsam Initiativ vum „Conseil supérieur
des bibliothèques publiques" a vun der Nationalbibliothéik.
Fir ebooks.lu kënnen ze notzen, musst Dir Iech:
- An enger ëffentlecher Partnerbibliothéik aschreiwen
- Iech eng Adobe-ID zouleeën
- Eng Reader App eroflueden an installéieren
Elo sidd Dir prett fir Äert éischt E-book iwwert ebooks.lu auszeléinen.
Weider Informatiounen zum Projet an Hëllef bei Problemercher kritt Dir gären an der Eschduerfer Bibliothéik oder op www.ebooks.lu