| D'Kannerstuff
ass en Haus vun der Gemeng Esch-Sauer, dat den Elteren an de Kanner
d'Méiglechkeet gëtt, nieft der Schoul eng flott a gutt Betreiung an
Hëllef ze kréien. Bei eis gët et: – e Mëttegiessen, dat frësch vu Dussmann zoubereed a geliwwert gëtt – Hausaufgabenhëllef no der Schoul: mir passen op an erklären wou Hëllef gebraucht gëtt
– Spill a kreativ Aktivitéiten sinn all Dag um Programm, förderen
d'Zesummeliewen, d'Kreativitéit an d'Entwécklung vum Kand a maache vill
Spaass. Mir sinn op: vu Méindes bis Freides vu 6.15 bis 19.15 Auer. Mir sinn zou ob de folgenden Datumer zou: 06/08/2018 – 17/08/2018 14/09/2018 02/11/2018 24/12/2018 – 28/12/2018 Eis Bureauszäiten: Méindes bis Dënschdes vun 08h00 bis 12h00 Mëttwochs bis Freides vun 08h00 bis 12h00 an vun 14h15 bis 16h00 Kontaktpersounen: Binsfeld Aurélie Feinen Ghislaine (Chargée) Well
d'Kapazitéite strikt reglementéiert si vum Familienministère, ginn
d'Aschreiwungen vu Schouljoer zu Schouljoer gemach. Wa keng Plaze méi
fräi sinn, féiere mer eng Waardelescht. Wann dir interesseiert sidd,
kommt bei eis laanscht fir weider Informatiounen oder rufft un um 26 88
95 03. |