Dernière modification : 15 juin 2021 à 11:36

GemengEsch_ModeSummer-25-05-page-001.jpg


​Mir freeën eis Iech den Aktivitéitenprogramm vun eiser 2. Editioun "Move the Summer" matzedeelen an hoffen, datt en Iech den Geschmaach an d'Freed u kierperlecher Aktivitéit a Sport, souwéi e gesonde Liewensstil wäert bréngen.

De Programm wäert natierlech un den aktuellen sanitäre Kontext ugepasst sinn. ​

D 'Aktivitéiten sinn ALL gratis, originell a fir all Alter a kierperlech Konditioun!


Autofräien Dag - Freestyle​​​
5. September 2021: tëschent Eschduerf an Heischent vun 09:00 bis 14:00 Auer

Fir Cyclisten, Foussgänger, Rollerblades a villes méi ... sidd kreativ a maacht mat! Wann dir mam Auto kommt, da parkt w.e.g. zu Eschduerf beim Futtballsterrain.
 
Iessen an drénken : De Reiskocher (Indonesian Street Food)


Vëlosummer 2021
de Weekend vum 21./22. August 2021
 
Dëse Summer ass erëm als « Vëlosummer » deklaréiert ginn. Wéi 2020 ginn d’Sektiounsstroossen de ganzen August fir Vëlosfuerer, Awunner a RGTR Buser reservéiert.
 
Eng flott Initiativ wou d’Gemeng Esch-Sauer, an Zesummenaarbecht mam Naturpark Öewersauer, matmécht. D’Streck féiert vun der Giewelsmillen bis op Lëlz. Ideal fir Familljen!
 
START: Giewelsmillen 07:00 Auer bis 19:00 Auer ​


Op de Vëlo, a lass ... Guidéiert Vëlostouren
vum 26. Juni 2021 bis den 31. Juli 2021
 
Entdeckt eis Regioun wärend 6 Samsdeger mat dem E-Bike, dem Mountainbike oder dem Coursevëlo.
 
D’Strecken féieren gréisstendeels iwwer gutt ma­cadamiséiert Feldweeër, roueg Niewestroossen. Just geleeëntlech geet et och mol iwwer roueg Stroossen an/oder gutt a breet Schotter- oder Bëschweeër. Et si keng typesch MTB Strecken!
 
D’Strecken sinn hiwweleg, wéi am Éislek üblech, a Leit, déi net mat engem E-Bike matfueren, sollen ee Minimum u Form matbréngen.
 
Et ass virgesinn, je no Streck a Méiglechkeet, bei all Tour ongeféier an der Hallschent eng Paus op enger Terrasse ze maachen.
 
All Tour start samsdes um 14:00 Auer zu Eschduerf virun der Gemeng. Rendez-vous um 13:30!
Fir d’Partizipatioun mat eegenem E-Bike oder Vëlo muss een sech ëmmer bis den Dag virdrun ëm 12:00 Auer um Tel. 691 207 116 umellen..
 
E-Biken kënne fir d’Toure gelount ginn, 15 € fir ee Nomëtten. Fir Leit, déi mat dem eegenen Vëlo fueren ass d’Participatioun gratis.
Fir een E-Bike ze lounen, muss een sech bis spéitstens dënschdes virdrun um Tel. 691 207 116 umellen.
 
1. Tour, 26.06 : Eschdorf – Rindschleiden – Koetschette – Neunhausen - Eschdorf (37 km ; 638 Héichtemeter)
2. Tour, 03.07 : Eschdorf – Goesdorf – Nocher – Wiltz – Büderscheid – Kaundorf – Eschdorf (42 km ; 813 Héichtemeter)
3. Tour, 10.07 : Eschdorf – Mertzig – Useldange – Préizerdaul – Grevels – Eschdorf (42 km ; 631 Héichtemeter)
4. Tour, 17.07 : Eschdorf – Grosbous – Préizer­daul – Redange – Rambrouch – Heispelt – Esc­hdorf (49 km ; 779 Héichtemeter)
5. Tour, 24.07 : Eschdorf – Michelbuch – Welscheid – Bourscheid – Goebelsmühle – Tadler – Eschdorf (55 km ; 769 Héichtemeter)
6. Tour, 31.07 : Eschdorf – Neunhausen – Boulaide – Bavigne – Kaundorf – Masseler – Ringel – Eschdorf (58 km ; 1119 Héichtemeter)
 
Déi 6 Strecke goufen opgestallt vum Mich Reding, deen och all Tour wäert guidéieren

Wichteg!!! Fir den Tour muss een e Vëlo matbréngen deen an engem einwandfreien techneschen Zoustand ass an onbedéngt een Helm un hunn. Et soll een och eppes fir ze drénken derbäi hunn.


Jogging & Nordic Walking...
Trail Uewersauer
4. Juli 2021 um 10 Auer zu Heischent bei der Sportshal
Mid Trail (32 km), Sprint Trail (10 km) a Nordic Walking.
 
Parcours guidéiert vun Peters Sports a Performance Club. www.trail-uewersauer.lu


Sunset Yoga
12. Juli 2021 + 2. August 2021 + 23. August 2021 vu 19:00 bis 20:15 Auer zu Eschduerf beim Monument “Strasse des Friedens” (CR314, Richtung Lëlz)

“Life is now, and that’s the only truth there is” Yoga mam Sarah Cattani. 


Happy Does... Line Dance
6. August 2021 + 3. September 2021 vun 19:00 bis 20:00 zu Heischent bei der Sportshal
 
Hei ass déi perfekt Geleeënheet. Maacht mat a léiert mam Daggy Ries wéi ee Line Dance mat grousser Freed danze kann! 

Umeldung via

commission.jeunesse@esch-sur-sure.lu.

bis spéitstens eng Woch virdrun.


Club Uewersauer:

Alpakawanderungen

17. Juli 2021 + 28. August 2021 zu Heischent "Maartplaz" vu 14:00 bis 16:30.

Entdeckt Är Déierebegleeder an d'Schéinheet vun der Natur. Guidéierten Tour mam Claudia a Lisa Keiser.

 

KAJAK ... Sportleche Waasserspaass

20. Juli 2021 vu 14.30 bis 16.30 Auer bei der Base Nautique zu Lëlz.

 

Waldbaden

29. Juli 2021 um Burfelt vun 14:00 bis 16:00 Auer.

Mat engem Formateur sur Place.


Solarboot

10. August 2021 zu Ënsber Plage 1 (An der Baech) vu 16.00 bis 18.00 Auer.

 

Muppentreff

12. August 2021 um 09:00 Auer zu Heischent beim „Buttek". Zesummen mam Steven Fischer.

 

Umeldung via Club Uewersauer, E-Mail: clubuewersauer@inter-actions.lu oder

Telefon 27 40 27 80 bis spéitstens eng Woch virdrun.​

1.png  ​2.png     3.png   4.png    5.png    6.png                                                                                                                             

Organiséiert an offréiert vun der „Commission de la Jeunesse et des Sports" vun der Gemeng Esch-Sauer an Zesummenaarbecht mam Naturpark Öewersauer,

dem Club Uewersauer, mat Peters Sport, dem Sarah & John Yoga, dem Daggy Ries am Misch Reding!


Non
Non