Actualité

Tourismusstrategie Luxemburg – Fokus TOURISMUS UND LEBENSQUALITÄT

​​TQV-3.jpg

D'Generaldirektioun fir Tourismus ass momentan am gaangen d'Strategie fir di zukënfteg touristesch Entwécklung vun eiser Destinatioun auszeschaffen.

 

An deem Sënn freet de Minister fir Tourismus Lex Delles sech fir d'Bierger, Grenzgänger a Gemengevertrieder op eng ëffentlech Presentatioun ze invitéieren. Hei gidd Dir iwwert den aktuelle Stand vun der strategescher Aarbecht informéiert an Är Ureegungen zum Thema Liewensqualitéit a Kombinatioun mat Tourismus gesammelt.

 

Am Fokus steet d'Fro, wéi den Tourismus verstäerkt zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ka bäidroen.

 

• Wéini? 28. September 2021 | 18:00 - 19:30 Auer

• Wou? Alvisse Parc Hotel, 120 route d'Echternach, L-1453 Luxembourg

• Wien? ëffentlech zougänglech Presentatioun fir Gemengevertrieder, Bierger a Grenzgänger

• Sprooch: Däitsch mat fransésischer Simultaniwwersetzung

• Regime CovidCeck: Geimpft, geheelt oder getest mat Certificat (https://covid19.public.lu/fr/covidcheck.html), Méigelechkeet fir e Schnelltest sur place

• Umeldung: https://www.eventbrite.fr/e/billets-tourismusstrategie-luxemburg-fokus-tourismus-und-lebensqualitat-167704766471