Léif Partner aus dem Éislek,
vir de Betriber aus der Regioun aus der Corona-Kris ze
hëllefen start den ORT Éislek, mat professioneller Ënnerstetzung vun der
HORESCA an der CAMPRILUX, ee speziellen Projet.
Ziel vun dëser Initiative ass et, virun allem d’Leit aus
dem Inland an dem noen Grenzgebitt no der Kris dozou ze animéieren, Vakanz
Doheem ze maachen an e puer Deeg am Éislek ze verbréngen.
Vir dëst ze realiséieren schaffen mir vir d‘éischt ee
Forfait aus, den all Hotel a Camping ubidden kann. D’Clienten kréien ee
Programm virgeschloen, mat dem si innerhalb vu 4 Deeg déi schéinsten
Platzen aus dem Éislek entdecken an d’Regioun mat all hiren Facetten kennen
léieren. Een éischt Beispill dozou fannt dir an der Annexe.
Lues a lues schaffen mir nach weider esou Programmer / Erliewnisser aus.
Mir géingen eis freeën, wann esou vill Betriber wéi
méiglech mat maachen géingen.
Wann dir interesséiert sidd, fannt dir ënnert dësem Bäitrag en Formular vir
iech un ze mellen. Mir géingen iech bieden, de Formular bis spéitstens de 5.
Mee auszefëllen an zeréck ze schécken.
Weider Detailer kritt dir dann an enger zweeter Phase vun
eis matgedeelt.